PéitengBei der Gare gouf e Mann mat engem Messer gemellt

RTL Lëtzebuerg
Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, fir déi genee Hannergrënn ze klären.
© Laurent Weber

Géint 15.:40 Auer e Mëttwoch krut d'Police gemellt, dass e Mann mat engem Messer sech zu Péiteng an der Géigend vun der Gare géing ophalen. Op der Plaz konnten d'Beamten allerdéngs keng Persoun untreffen, op déi dës Beschreiwung géing passen. Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, fir déi genee Hannergrënn ze klären.

Wie relevant Informatiounen huet, ass gebiede sech beim Policekommissariat Esch op der Telefonsnummer 244 50 1000 oder um 113 ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO