"Luxembourg under Destruction"Beim Schutz vum Patrimoine huet näischt geännert

Jean-Marc Sturm
Jeannot Ries
D'Gesetz fir méi Koherenz beim Schutz vum Patrimoine ass zanter engem gudde Joer a Kraaft. D'Kulturministesch Sam Tanson huet en Dënschdeg e Bilan gezunn.
Suivi fir d'Petitioun iwwer de Patrimoine
D’Initiativ vun de Petitionäre wëll, dass all Gebaier, déi virun 1957 gebaut goufen, automatesch geschützt sinn.

Deen ass duerchaus positiv ausgefall. Ma d’Initiative “Luxembourg under Destruction” gesäit dat anescht. Et hätt Näischt geännert. Dowéinst gouf eng Petitioun fir eng méi effikass Protection vum architektonesche Patrimoine relancéiert. Déi krut dann och genuch Ënnerschrëften, fir e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun debattéiert ze ginn.
D’Initiativ vun de Petitionäre wëll, dass all d’Gebaier, déi virun 1957 gebaut goufen, automatesch geschützt sinn a just an exzeptionelle Fäll ganz oder Deels dierfen ofgerappt ginn. Weider Fuerderunge betreffen eenheetlech Krittären a méi Transparenz.

Den Debat iwwert d’Petitioun fir d’Protektioun vum Patrimoine / Jean-Marc Sturm

Ganz Haiserbléck géifen ofgerappt an an Uertschafte géif de Stadkär verschwannen. Dacks wier Spekulatioun an domadder dat séiert Geld den Hannergrond esou d’Karin Waringo:

“Et handelt sech ëm Näischt weider wéi Spekulatioun um Foncier, déi mat dozou féiert, dass ëmmer manner Leit et sech leeschte kënnen, hei am Land eng Wunneng ze kafen oder och nëmmen ze lounen.”

Et misst een zum Beispill d’Zerstéiere vun der aler Bausubstanz méi an d’Erhale manner besteieren. Et géif awer net nëmmen ëm Kritik un der Spekulatioun goen:

“Et ass ze einfach, ze soen, déi al Haiser mussen ofgerappt ginn, fir dass mir Wunnengen kënne schafen. Et muss een emol kucken, sech Kloerheet ze verschafen . Wie keeft hei op, wie rappt of a mat wat fir Intentiounen. Wat sinn d’Auswierkungen, net nëmmen op d’Bausubstanz, mä och op de sozialen Tissu vum Land. An domadder schwätzen ech net nëmmen op d’Leit, mä och op d’Entreprisen, de Commerce an esou weider.”

Et kéint een net 10 Joer waarden, bis dass déi staatlech Instanzen all d’Gebaier, déi fir de Schutz a Fro kommen, am Repertoire hunn, esou d’Petitionären. An deenen 10 Joer géife vill al Strukturen zerstéiert ze ginn. Lëtzebuerg kéint sech am aktuelle Rhythmus geschwënn net méi als pittoreskt Land duerstellen. Et géif Richtung 08/15-Wunnkëschte goen.

Op d’mannst huet d’Petitioun eng Diskussioun lassgetrëppelt, a wann et nëmmen um Niveau vun der Baukultur ass.
Conclusioun vun der Debatte. Et wëll een an den zoustännege Kommissioune mat de concernéierte Ministèren déi ganz Thematik verdéiwen.

Back to Top
CIM LOGO