A Florida leeft de Countdown. Um 24 Minutten no Mëtternuecht en Donneschdeg onser Zäit geet zu Cape Canaveral d’Zäitfënster op. Mat der Artemis-II-Missioun solle sech dann dräi Männer an eng Fra, dräi US-Amerikaner an ee Kanadier op de Wee Direktioun Mound maachen. Eng Landung ass dës Kéier nach net virgesinn. 54 Joer no der leschter Apollo-Missioun am Dezember 1972.
Den US-Amerikaner Reid Wiseman, Kommandant vun der Missioun Artemis II erkläert, ëm wat et bei dësen Vol geet: “Dat éischt, wat mir maache mussen, ass dës Missioun duerchzezéien. Et wäert eng enorm Zuel vun Ongewëssheete ginn. Et wäert Saache ginn, déi mir net erwaarden. Et wäert Kommunikatiounsproblemer ginn. Et wäert all méiglech Problemer ginn. Déi éischt Saach, déi mir maache mussen, ass einfach dës Missioun ofzeschléissen.”
10 Deeg wäert den Equipage ënnerwee sinn.
2022 war Artemis I, nach ouni Mënschen u Bord, ronderëm de Mound geflunn. Den Optrag vun Artemis II kann ee mat der Missioun vun Apollo 8 am Joer 1968 vergläichen. Just datt den Equipage des Kéier d’Äerd, op enger Rees vun iwwer enger Millioun Kilometer nëmmen ee Mol iwwert dem Mound-Horizont wäert gesinn. Déi ronn aacht Meter grouss Orion-Kapsel soll no véier Deeg bis op 7.500 Kilometer no un de Mound eru kommen.
D’Astronautin Christina Koch weist sech optimistesch: ''Vill méi wäit ewech, wéi déi meescht Apollo-Missiounen. Do ass awer eppes positiv drun, eppes Aussergewéinleches: Wa se richteg beliicht gëtt, wat mir erwaarden, besonnesch fir dës Startperiod, hu mir d’Méiglechkeet mat bloussem A Regioune vum Mound ze gesinn, déi nach ni virdru vu Mënschen observéiert goufen.”
Am Géigesaz zu den Apollo-Missioune wäert den Equipage dës Kéier kënnen d’Trajectoire ronderëm de Mound selwer bestëmmen.
Bis éischt Mënschen nees emol e Fouss op de Mound setzen, wäert et nach daueren. Leeft alles no Plang, ass eng éischt Moundlandung fir 2028 geplangt, iert et spéider Direktioun roude Planéit, Mars, goe soll.