
De BMW-Garage Muzzolini huet zwar op eis Ufroe vu leschter Woch net reagéiert, ma aus verschiddene gutt informéierte Sourcen heescht et, datt de belsche Grupp Louyet den Escher Traditiounsbetrib iwwerhëlt. Zënter sechs Joerzéngten ass de Garage Muzzolini eng bekannt Adress zu Esch, an zënter de 70 Jore Concessionnaire vun der däitscher Mark BMW. De Familljebetrib war eréischt 2018 an déi nei Gebailechkeeten um Monkeler erageplënnert.
Dem Essentiel no war och de schweedesche Grupp Bilia un enger Reprise vum Konkurrent Muzzolini interesséiert. En Acteur, dee scho BMW Kontz an der Stad a BMW Schmitz zu Miersch iwwerholl huet.
De Garage Muzzolini gëtt awer elo vun engem grousse belschen Acteur iwwerholl. De Grupp Louyet huet an der Belsch, a Frankräich an zu Lëtzebuerg eng 50 Concessiounen.
Hei am Land huet de Grupp rezent d’Aktivitéite vun Arnold Kontz mat ënner anerem de Marke Land-Rover a Jaguar iwwerholl.
Detailer iwwer d’Reprise si soss keng bekannt.
Liest och hei: