Bei der LSAP schéngt et intern Differenzen ze ginn. De Ben Streff hält als Parteimanager op a gëtt och säi Posten als President vum Bezierk Osten op.
Hien hätt zwar nei Membere mobiliséiert kritt, mä net awer d’Fraktioun, also d’Deputéiert, seet de jonke Sozialist, dee scho mat 14 Joer an d’LSAP gaangen ass a sech déi lescht 17 Joer fir d’Partei engagéiert huet.
Firwat en elo d’Bengele bei d’Tromm gehäit….doriwwer schwätze mer e Mëttwoch um 8 Auer live mam Ben Streff.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.