Planning FamilialBerodungs- a Betreiungsservicer solle weiderhin garantéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
An Zäite vun der Coronavirus-Kris probéiert de Planning familial, hir Servicer iwwer Telefon, Skype a Mail ze garantéieren.

Besonnesch wichteg wier et, datt Leit, déi wéinst Gewalt am Stot Hëllef brauchen, direkt kënne gehollef kréien. Dofir gëtt et d'Adress "Violence.lu". Virun allem an enger Ausnamesituatioun wéi dëser riskéiert d'Zuel vun esou Fäll an d'Luucht ze goen, sot eis d'Presidentin vum Planning familial Ainhoa Achutegui am Interview.

Ainhoa Achutegui iwwer Planning Familial

Iwwer 50 Joer scho gëtt et de Planning Familial, dee sech gegrënnt hat an de Motto "Famille heureuse" an de Mëttelpunkt gesat hat. 1979 gouf dorausser "l'Education sexuelle". Lescht Joer huet de Planning Familial nach emol seng Statute geännert, sech der Aktualitéit ugepasst a setzt, nieft dem Asaz fir d'Fräiheet vum Gefills- a Sexualliewen vu jidderengem an dem Schutz géint Gewalt och op d'Gläichheet vun de Geschlechter. D'Presidentin vum Planning Familial Ainhoa Achutegui gëtt eis doriwwer Prezisiounen, awer och iwwert de Fonctionnement vun de Servicer an Zenteren an der aktueller Krisenzäit.

Back to Top
CIM LOGO