
En Aarbechter ass kuerz no 16 Auer wärend Bëschaarbechte vun engem Aascht, deen erof gefall ass, getraff a schwéier blesséiert ginn. De 47 Joer ale Mann vun Hengescht ass nach op der Plaz gestuerwen.
D’ITM an d’Police ware fir d’Spueresécherung op der Plaz. De Parquet huet eng Autopsie gefrot.
