Bio-AktiounsplangBis 2025 soll den Ubau vu Bio-Produiten op 20% klammen

Christophe Hochard
Tim Morizet
Bis elo gëtt hei am Land virun allem d'Mëllech am Bio produzéiert, bei Fleesch, Geméis an Uebst gëtt de gréissten Deel nach importéiert.
Bis 2025 soll den Ubau vu Bio-Produiten op 20% klammen
Bis elo gëtt hei am Land virun allem d'Mëllech am Bio produzéiert, bei Fleesch, Geméis an Uebst gëtt de gréissten Deel nach importéiert.

20% Bioubau bis 2025 wier een ambitionéiert Zill, ma et géif manner ëm de Chiffer goen, ewéi de Message vum Bio un d'Leit ze bréngen, esou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider e Freideg de Mëtten op der Presentatioun vum neie Bio-Aktiounsplang. Bis ewell schaffen 148 Produzenten, also 6,5%, zu Lëtzebuerg am Bio. Dat maache 5% vun de landwirtschaftleche Flächen aus.

AUDIO: Bioubau / Rep. Tim Morizet (7.3.2020)

Virun allem d'Mëllech géif schonn an héije Quantitéiten am Bio produzéiert ginn. Dat an engem Lycée, enger Crèche, engem Altersheim an enger Klinik. Mä dat meescht Bio-Fleesch, -Geméis an -Uebst, dat een zu Lëtzebuerg keeft, kënnt nach aus dem Ausland.

Fir d'Bio-Produktioun z'encouragéieren, géif ee vu Säite vum Ministère aus un der Kommerzialisatioun schaffen.

Extrait Romain Schneider

De Landwirtschaftsminister, Romain Schneider: „Datt mer kucken, datt an de Kantinnen, respektiv an deenen Haiser, déi eng Konventioun mam Staat hunn, bis 2025 mat 50% Produiten aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft geschafft gëtt. Dovunner sollen dann 2/5 Bio-Produkter sinn, 3/5 aus der lokaler Landwirtschaft kommen, mat Prioritéit gesat op déi Betriber, déi am Ëmschwong sinn.“

Bis dohi soll dësen Zenario a 4 Pilotprojete getest ginn. Méi Bio heescht och méi Kontrollen. Sou soll den zoustännege Service mat 3 neie Mataarbechter weider ausgebaut ginn. Weider gouf och ee Spezialist agestallt, fir d'Betriber bei der Reorganisatioun z'ënnerstëtzten. De Minister Romain Schneider schwätzt vun enger grousser Chance:

„Dat hei ass eng grouss Chance fir eis Lëtzebuerger Landwirtschaft, fir sech kënnen am Ganzen nei ze positionéieren. Esouwuel de Bio-Secteur ewéi och traditionell Landwirtschaft."

3,5 Millioune kascht de Bioubau d'Ministère dëst Joer. 11,3 Milliounen Euro, wann d'Surface vun 20% Bioubau areecht gëtt. Dovu sinn eng ronn 9 Millioune fir Primme geduecht. Eng positiv Evolutioun, esou den DP-Deputéierten Andrée Bauler:

„Et kann och net jiddereen aus dem Bio en Hobby maachen, et muss een dovunner liewe kënnen. An dofir ass et och extreemst wichteg, datt de Staat och mam gudde Beispill virgeet."

Den Aktiounsplang baséiert op 4 Axen, nieft de Primmen, der Berodung, gëtt eng Bestandsopnam vum Secteur realiséiert.

Aus der Chamber koum en Donneschdeg gréisstendeels positive Feedback fir den Aktiounsplang. Och wa verschidde Verbesserungsméiglechkeet nach géife feelen, esou d'CSV-Deputéiert Martine Hansen:

„Deelëmstellung feelt eis. Do, wou een dem Betrib géif Decisioun iwwerloossen, ob een zum Beispill nieft dem konventionelle Rëndsfleesch och Bio-Poulet ka produzéieren. Dat ouni den Drock, datt een a 5 Joer de ganze Betrib muss op Bio ëmstellen. Europa léist dat zou. An anere Länner gëtt dat gemaach. Zu Lëtzebuerg ass dat leider net de Fall. Dat wär virun allem eng Méiglechkeit, déi Bio-Produiten z'ënnerstëtzen, déi ee wierklech zu Lëtzebuerg brauch."

PDF: Den Detail vum Bio-Aktiounsplang

Back to Top
CIM LOGO