Wéinst Iran-KrichBis op Weideres keng Luxair-Vollen op Abu Dhabi an Dubai

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith annoncéiert huet, wäert déi national Fluchgesellschaft hir geplangte Vollen op béid Destinatiounen eng Rei Méint aussetzen.
© Steve Müller

D'Luxair wäert bis d'Fuesent 2027 net méi op Dubai fléien. Déi fir dësen Oktober nei ugekënnegt Destinatioun Abu Dhabi wäert réischt e Joer méi spéit ugeflu ginn. Dat huet de Generaldirekter Gilles Feith am Interview mam Radio 100,7 annoncéiert.

Bis dato wier 2026 e kommerziell schwieregt Joer gewiescht fir déi national Fluchgesellschaft, sou de Gilles Feith. D'Nofro wier bei verschiddenen Destinatiounen zréckgaangen, sou datt d'Luxair mat sechs bis siwe Prozent manner Ëmsaz géing rechnen. Mat den Temperaturen, déi entretemps rëm falen, klammen d'Buchungen awer rëm liicht. Enkpäss mam Kerosin hätt ee keng gehat, sou de Feith weider. Iwwert den Hierscht an den nächste Wanter hofft een, en Deel vum Verloscht ze kompenséieren.

Datt United Airlines vun Abrëll 2027 un en direkte Vol tëscht Lëtzebuerg an Newark ubitt, huet de Luxair-Generaldirekter begréisst, sot gläichzäiteg awer och, datt Luxair weider eng Airline wäert bleiwen, déi sech op de regionale Marché konzentréiere wëllt. Et géif iwwer nei Destinatiounen nogeduecht ginn, wéi zum Beispill an Albanien oder an den nordesche Länner, well duerch d'Ausfäll op de Vollen op Dubai an Abu Dhabi déi Fligeren op alternative Strecke kéinten agesat ginn, respektiv d'Frequenz op aneren Ziler kéint gehéicht ginn.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO