
Déi nei Linn funktionéiert vum zweeten Abrëll un. All Dag flitt déi amerikanesch Gesellschaft United Airlines tëscht Newark an dem Findel hin an hier. De Passagéier soll sou vill Confort wéi méiglech gebuede ginn. An engem Airbus A321 XLR, eng Maschinn vun der neier Generatioun, déi speziell fir méi laang Strecke geduecht ass. Si huet 150 Plazen: 118 an der Economy, 12 an der Premium Plus Klass an 20 an der Polaris Business Klass.
Dës nei Verbindung dréit dozou bäi, datt d'Zuel vun de Passagéier um Findel no an no an d'Luucht geet an domadder och e bëssen Drock fir lux-Airport entsteet, esou de COO Lorenzo di Loreto. "Mir mussen d'Qualitéit vun eise Servicer e bëssen iwwerpréiwen. Souwisou hu mer en neie Masterplang, mir schaffen u verschiddene Verbesserungen um Niveau vun den Operatiounen an der Sécherheet. Et huet also en Impakt, awer een, dee mer packen."
Och de Berny Ley, de Vizepresident vun der Unioun vun de Reesagencen a Generaldirekter vu Voyages Flammang, ass dovunner iwwerzeegt, datt d'Destinatioun New York an Zukunft erëm méi present an de Käpp vun de Leit gëtt an d'Clientë manner retizent sinn. "Dat verleeft sech lues a lues. Ech mengen New York, zum Beispill, huet en neie Buergermeeschter, wat d'Leit och matkritt hunn. De Fluch geet jo op Newark just nieft New York. Dofir menge mer schonn, datt d'Leit no zwee oder dräi Joer erëm oder fir d'éischte Kéier dohinner ginn. Dat wäert schonn e positiven Afloss kréien."
An der Economy bezilt ee mat Wallis ronn 800 Euro, d'Premium Plus Klass kascht vun ëm déi 3.000 Euro un an den Ticket an der Business Klass gëtt et fir ongeféier 4.500 Euro. D'Präisser variéiere jee no Reesdatum.