D'Lächaarbechten hu bis an d'Nuecht era gedauert. 200 Botte stoungen a Flamen. Wéi de Pompjee Tom Barnig eis géintiwwer erkläert huet, wier keen Déier a Gefor gewiescht, ma 1 Persoun koum liicht blesséiert an d'Spidol.
Ëm 90 Pompjeeën aus 8 verschidde Gemenge goufe fir dëse gréisseren Asaz op d'Plaz geruff.
Um Belval ass e Mëttwoch den Owend kuerz no 23 Auer e Cyclist ugestouss a blesséiert ginn. Hei war ënnert anerem den Escher Samus-Noutdokter gefuerdert.