
D’Pompjeeë vun Esch, Suessem-Déifferdeng a Schëffleng waren am Asaz, fir de Brand um 5. Stack vun engem Appartementshaus ze läschen. D’Feier konnt duerch dat séiert Agräifen op Wunneng begrenzt ginn.
Eng Persoun gouf aus der brennender Wunneng gerett, gouf nach op der Plaz vum Samu versuergt, éier se dunn an d’Spidol gefouert gouf. Am CGDIS-Bulletin ass rieds vun 2 Blesséierten.
Vum CGDIS ass et de Rappell, dass et wichteg ass, een Dampmelder a senger Wunneng ze hunn.