Ee groussen Defi ass d'DigitalisatiounBréifdréieschgewerkschaft feiert 20. Anniversaire

RTL Lëtzebuerg
Zu Gaasperech huet d’Gewerkschaft e Samschdeg ee Summerfest organiséiert, fir senge Membere fir hiren Asaz an hir Ënnerstëtzung Merci ze soen.
© Domingos Oliveira / RTL

2002, no der Affär Jos Nickts, huet eng nei Bréifdréieschgewerkschaft misse gegrënnt ginn. Si ass haut déi gréisst Gewerkschaft vun insgesamt 12 bei der Post. Si zielt ronn 750 Memberen an dovun si bal ee Véierel Salariéen. De Raymond Juchem, President, huet ervirgehuewen, dass d’Gewerkschaft no der tragescher Affär vun 2002 erëm gutt do steet.

Bréifdréieschgewerkschaft / Rep. Max Schmitz

A senger Ried huet hien awer och bedauert, dass d’Meritte vum Bréifdréier a vun hirer Gewerkschaft dobaussen net genuch honoréiert ginn. De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet dat anescht gesinn an huet op déi wichteg Roll vun de Gewerkschaften higewisen.

De Raymond Juchem huet dann awer nach ënnerstrach, dass d’Fuerderunge vum Syndicat, déi um Kongress am Mäerz gestallt gi sinn, nach net erfëllt goufen an dass och d’Gespréich mam Minister Marc Hansen leschten Donneschden net zefriddestellend war.

De Raymond Juchem vun der Bréifdréieschgewerkschaft
De Raymond Juchem, President, huet ervirgehuewen, dass d’Gewerkschaft no der tragescher Affär vun 2002 erëm gutt do steet.

Houfreg ass een awer op de leschte Kollektivvertrag, dee gutt ausgehandelt gi wier, och wann nach misst nogebessert ginn. Och d’Verlängerung vum Service universel bis 2029 ass fir d’Gewerkschaft ee wichtegen Acquis. E groussen Defi bleift ënnert anerem d’Digitaliséierung. Manner Courrier a manner Reklamme riskéieren zum Verloscht vun Aarbechtsplazen ze féieren. An den nächste véier Joer soll dann och e Successeur fir de Raymond Juchem gesicht an op seng wichteg Roll virbereet ginn.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO