
Wéi e Mataarbechter vum Heem op den ongebiedene Gaascht opmierksam ginn ass an hien zur Ried gestallt huet, huet dëse sech duerch d’Bascht gemaach. D’Police konnt den Täter net ermëttelen. Eng Enquête gouf lancéiert.
Tëscht 10 an 13 Auer war an der Rue du Kiem um Neiduerf en Onéierlechen an en Eefamilljenhaus agebrach, andeems hien d’Terrassendier opgebrach huet. Eng Partie Raim waren duerchwullt a Bijoue souwéi Boergeld goufe geklaut.
An der Avenue de la Gare an der Stad war tëscht 8 an 19 Auer an eng Wunneng agebrach ginn. Eng Rei Wäertgéigestänn goufe geklaut.
Doriwwer eraus mellt d’Police Abréch um Lampertsbierg, dem Boulevard Royal an der Stad, zu Bouneweg an zu Hollerech.
Preventiounsmesurë fir Abréch ze evitéieren, fënnt een um Site vun der Police.