PolicebulletinBrigange quasi op frëscher Dot erwëscht, presuméierten Déif am Pommerlach festgeholl

Andy Brücker
Zu Rodange goufen dräi Brigange gestéiert, wéi se en Auto ausraume wollten.
© Laurent Weber

An der Nuecht op e Méindeg war enger Policepatrull e Grupp vun dräi Persounen opgefall, déi sech verdächteg nieft engem Auto opgehalen hunn. Wéi se d’Beamte bis gesinn hunn, si se Richtung Gare fortgaangen. D’Beamten hunn doropshi festgestallt, dass beim Auto, bei deem se waren, d’Fënster ageschloe war. Déi dräi presuméiert Täter goufe vun der Police gestallt.

Bei engem vun hinne gouf Abrochsgeschier fonnt. Alles an allem gouf bei dräi Autoe Beschiedegunge festgestallt.

Ee vun de Verdächtegen hat ze vill gedronk an ass an den Arrest bruecht ginn.

E Sonndeg am Nomëtteg gouf an ee Buttek am Pommerlach agebrach. Eng Policepatrull konnt de Verdächtegen nach op der Plaz pëtzen, an d’Wäertgéigestänn goufe saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Déif festgeholl an dem Untersuchungsriichter presentéiert.

Dräi Verhaftungen

E Sonndeg am Nomëtteg konnt op der Route de Thionville zu Bouneweg a presuméierten Drogendealer verhaft ginn.

E Sonndeg den Owend konnten op der Stater Gare zwou Persoune verhaft ginn, déi probéiert hunn e Passant z’iwwerfalen. Si haten um Méindeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO