
E jonke Mann war do brutal iwwerfall ginn a krut säin Handy, säi Brëll a säi Rimm geklaut. Wéi d’Police präziséiert, koum et wuel an der Disco zum Virfall, et kéint awer och an der Géigend gewiescht sinn oder op der Paräisser Plaz.
Wien eppes am Zesummenhang mam Iwwerfall gesinn huet oder aner Hiweiser huet, soll sech bei der Police vum Réiserbann mellen um (+352) 244 61 1000 oder per E-Mail op police.reiserbann@police.etat.lu.