Place de La GareBus koum zu Beetebuerg bei der Gare net ganz laanscht eng Mauer

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police op Nofro vun RTL confirméiert, koum et géint 14.30 Auer virun der Gare zu Beetebuerg zu engem klengen Accident, bei deem ee Bus laanscht eng Mauer geschréipst ass.
Eng Foto vum Bus nom Accident.
© Domingos Oliveira

Wéi e Spriecher vun der Police erkläert, hat e Bus beim Manövréiere Probleemer kritt an ass widder d’Mauer komm, wéi en op der Plaz wollt dréien. Op enger Foto, déi eis zougeschéckt gouf, ass effektiv ze gesinn, wéi ee Bus e bësse queesch steet, mat engem Policewon niewendrun.

Eng Meldung vun engem Nolauschterer an den RTL-Studio, d’Gare zu Beetebuerg wier “evakuéiert” ginn, konnt d’Police net confirméieren. De Bus hat d’Strooss allerdéngs kuerzzäiteg blockéiert, esou datt Leit a Verkéier op dëser Plaz ëmgeleet goufen, bis de Bus sech aus senger mësslecher Situatioun befreit hat. Blesséierter gouf et deemno och net, ma de Bus gouf beim Virfall beschiedegt.

Back to Top
CIM LOGO