
De Buschauffer war mat sengem Gefier an d’Feld geroden. De Mann huet misse reaniméiert ginn, ma all Hëllef sollt ze spéit kommen. De Mann vu 55 Joer ass nach op der Plaz gestuerwen. De Parquet gouf informéiert an eng Obduktioun ugefrot, fir déi genee Doudesursaach festzestellen.
Op Nofro krute mir confirméiert, dass zum Zäitpunkt vum Virfall ee Passagéier am Bus war. Dësem ass näischt geschitt.