Schonn 2 Wochen ënnerweeCamion stécht zanter 2 Deeg zu Sëll fest

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdegmoien hat e Camion zu Sëll den Trafic wärend e puer Stonne komplett blockéiert. 2 Deeg duerno steet de Convoi exceptionnel nach ëmmer am Duerf.
© Domingos Oliveira / RTL

Wat war geschitt? Wéi eis Kolleege vum 5Minutes op Nofro erausfonnt hunn, war de Camion mat däitscher Plack vun Antwerpen a Richtung Goodyear-Fabrick zu Colmer-Bierg ënnerwee. Beluede war e mat engem giganteschen Heizungskessel. Besonnesch kuriéis: De Convoi soll schonn zanter zwou Wochen ënnerwee gewiescht sinn.

Zu Sëll op der Kräizung wollt en a Richtung Bruch ofbéien, seng Längt vun 38 Meter ass dem Gefier dann allerdéngs zum Verhängnes ginn. E war blockéiert. Och gouf de Camion beschiedegt, well e mat sengem hënneschte Pneu an engem Bam hänke bliwwen ass. Bei der Befreiungsaktioun duerch den Depannage huet de Bam du missen dru gleewen a gouf ofgeseet.

Entretemps ass de Camion zwar aus senger mësslecher Lag befreit, allerdéngs steet en nach ëmmer zu Sëll an der Sortie vum Duerf. Wéi de Sëller Buergermeeschter Jean Konsbruck en Donneschdegmoie géigeniwwer de Kolleege vum 5minutes confirméiert huet, krut de Convoi an der Tëschenzäit vum Mobilitéitsministère d’Autorisatioun, fir weiderzefueren. Hie ka säin Trajet also schonn en Donneschdegowend poursuivéieren.

Back to Top
CIM LOGO