Op eise StroossenCamionnette huet um Parking vun der Aire de Berchem gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Dräi Tëschefäll mellt de CGDIS am fréie Sonndeg de Mëtteg.
© Laurent Weber

D’Rettungsekippen aus Réiser an der Stad goufen op d’Aire de Berchem geruff, well um Parking vun der Q8 géint 14 Auer eng Camionnette Feier gefaangen hat. De CGDIS mellt hei eng Persoun, déi blesséiert gouf.

Och ee Blesséierte gouf et um CR163, wéi tëscht Obeler a Leideleng en Auto an e Bam gerannt ass. D’Ekippe vu Schëffleng a Beetebuerg ware kuerz no 14.30 dohinner geschéckt ginn.

Zesumme mat den Escher Kolleege waren déi Schëfflenger ronn zwou Stonne méi spéit nach eng Kéier am Asaz, well an der Route de Luxembourg zu Esch zwee Ween anenee gerannt waren. Hei blouf et dem CGDIS no awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO