Permis fortCamionschauffer alkoholiséiert op der A4 ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Der Police gouf de Chauffer vum Camion gemellt, well dësen op der A4 a Richtung Stad a Schlaangelinne gefuer ass. Bei der Gare gouf hie gestoppt.
© RTL Archiv

Relativ séier war offensichtlech, dass d’Persoun hannert dem Steier ze vill gedronk hat, den Alkoholtest war dann och positiv. De Chauffer krut doropshin a provisorescht Fuerverbuet an eng Plainte gouf erstallt. De Camion selwer gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO