Invité vun der Redaktioun (18. Juni) - Marie-Josée JacobsCaritas freet Honnerte Milliounen Euro fir Revis an Allocatiounen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie war d'Presidentin vun der Caritas eis Invitée vun der Redaktioun.
Radio - Invité vun der Redaktioun
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Wa souvill Milliarden do si fir d'Ekonomie, da mussen och 300-400 Milliounen Euro do si fir de Revis, d'Allocation de vie chère an de Mietzuschuss an d'Luucht ze setzen. Dat sot d’Marie-Josée Jacobs, d'Presidentin vun der Caritas um Donneschdeg de Moien hei op RTL.

18/06/2020 Resumé Jacobs 12h30 -kollwelter

D’Hëllefsorganisatioun huet an deene leschte Méint 154.000 Euro ausbezuelt u Leit, déi virun der Corona-Kris keng finanziell Schwieregkeeten haten. Méi wéi 400 Leit hu via Helpline Hëllef gefrot. “Mir wëssen awer, datt mir just an der éischter Phas kënnen eng Hëllef ginn“, sou d'Marie-Josée Jacobs.

D'Presidentin vun der Caritas ass och erféiert iwwer déi nei Zuelen am Chômage, wéi mer se e Mëttwoch gemellt hunn: 4.000 Leit méi ouni Aarbecht. D'Suitte vum Coronavirus géinge riskéieren, méi schlëmm ze gi wéi d'Krankheet selwer, sou déi fréier CSV-Ministesch. Si huet och proposéiert, dass "Post-Covid-Gruppen" kéinten agesat ginn, fir ze kucken wéi eng konkret Hëllefen ee kéint ausschaffen, fir déi eeler Leit, fir déi Behënnert Leit a fir d’Kanner.

Fir d‘"fabrique de société" ze reparéieren, misst een der Marie-Josée Jacobs no d’Leit an der Gesellschaft erëm méi no beienee kréien: „An engem Moment huet ee jo gemengt, mir hätte verstanen, datt et nëmme géing matenee goen. An dann op eemol gesäit ee ganz séier, datt jiddereen ëmmer probéiert seng eege Saach an d’Rei ze kréien“, sou d‘Marie-Josée Jacobs. D’Presidentin vun der Caritas wollt awer nom Interview nach all de Fräiwëllegen, de Mataarbechter an de Leit déi spenden „Merci“ soen.

En Donneschdeg de Moie war d'Presidentin vun der Caritas eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO