EuropawalenCaritas fuerdert méi sozial Gerechtegkeet

RTL Lëtzebuerg
De Moment wieren an der EU bal 94 Millioune Mënschen dem Aarmutsrisiko ausgesat.

De Moment wieren an der EU bal 94 Millioune Mënschen dem Aarmutsrisiko ausgesat. An et ginn der zanter 2019 ëmmer méi, bedauert d’Carole Reckinger, politesch Spriecherin vun der Caritas. Dat obwuel d’EU sech als Zil gesat huet, bis 2030 15 Millioune Leit aus der Aarmut eraus ze huelen, dovu fënnef Millioune Kanner. Am Virfeld vun den Europawale fuerdert d’Caritas Lëtzebuerg, datt d’politesch Parteien, déi den 9. Juni untrieden, sech fir d’sozial Gerechtegkeet asetzen.
D’Inegalitéite bekämpfen, heescht Rietsextremismus bekämpfen, seet d’Carole Reckinger: “Wat mer méi grouss Inegalitéiten hunn, wat mer méi grousse Misär hunn, wat ëmmer méi Leit wäerten op extrem Stëmme lauschteren, well se desesperéiert sinn an op eng einfach a schnell Léisung waarden.”

Wat d’Gesellschaft méi géing auserneen driften, wat den europäesche Friddensprojet méi a Gefor géing geroden. Dofir fuerdert d’Caritas Lëtzebuerg ënnert anerem Ännerungen un der europäescher Mindestloun-Direktiv. Déi recommandéiert de Länner Mindestléin am Beräich vu 60 Prozent vum Medianakommes oder 50 Prozent vum Duerchschnëttsakommes.

“Mee sou laang dat just Referenze sinn a Recommandatiounen a keng Obligatioune wäert et ganz schwéier ginn, dat wierklech z’erreechen.”

Och zu Lëtzebuerg läit de Mindestloun ënnert deene Referenzwäerter, betount d’Carole Reckinger. Si fuerdert och, datt bei der Europäescher Kannergarantie nogebessert gëtt. Déi soll zum Beispill de gratis Zougang zur Schoul ofsécheren, mee et feelt u belaaschtbaren Daten an enger Auswäertung.

“Och hei zu Lëtzebuerg hu mer jo vill, wat gratis ass. Mee mir hunn awer keng kloer wierklech Evaluatioun. Wéi vill vun de Kanner, déi de Chèque-Service kréien, kommen aus Familljen, déi net esou gutt do stinn?”

D’Caritas ass och skeptesch, datt d’EU hiert Lissabon-Zil erreecht, datt bis 2030 jiddereen en Doheem huet, well haut no un 900.000 Leit op der Strooss liewen. “Mir denken, datt d’EU eng EU-wäit Strategie misst festsetzen, wéi mer dat Zil kënnen erreechen”, esou d’Carole Reckinger. Wat d’Migratiounspolitik ugeet, kritiséiert d’Caritas, datt den neie Screening-Prozess op den EU-Baussegrenze kéint dozou féieren, datt och Famillje mat Kanner bis zu dräi Méint a Retentiounszentre kënne festgehalen ginn. Zentren, déi warscheinlech d’Obligatiounen am Kader vun der Mënscherechtskonventioun net géife respektéieren.

“Mir si souwisou dogéint, Kanner, déi op der Flucht sinn, anzespären.”

D’Caritas fuerdert doriwwer eraus, datt d’EU op déi sozial Dimensioun vum Klimawandel reagéiert a manner gutt gestallten EU-Bierger finanziell fir méiglech Méikäschte vun der Energietransitioun kompenséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO