Viru 16 Joer huet d’Marta scho "Spray Tanning" zu Lëtzebuerg ugebueden, elo mécht si mat engem neie Studio op der Stater Gare nees op sech opmierksam. An nëmme zéng Minutte soll ee brong ginn, dat soll bis zu zéng Deeg halen. Fir vill Leit ass dat eng praktesch Alternativ zur Sonn – ganz ouni UV-Stralung.
D'Risike vun natierlecher Sonn an och vum Solarium sinn nämlech kloer. “ Es gibt keine gesunde Bräune. Da bräune een eine Reaktion auf Hautschädigung ist!” erkläert d’Dermatologin Dr. Meyer. Laut hir soll ee sech dofir ëmmer gutt schützen, mat héijem Sonneschutz an enger kontrolléierter Expositioun an der Sonn.
Am Verglach dozou gëtt Spray Tanning aktuell als méi sécher agestuuft. “Zum aktuellen Zeitpunkt wäre es eine deutlech sichere Alternative, im Vergläich zu Sonne oder Solarium, weil keine UV-Stralung beteilegt ist!” seet d'Doktesch. De Wierkstoff DHA reagéiert nëmme mat der ieweschter Hautschicht a suergt esou dofir, datt mir bem Spray Tanning brong ginn.
Trotzdeem ass och dës Method net komplett ouni Risiko. Et ass nach net genuch erfuerscht, wéi sech d'Inhalatioun vum Produit op d'Longen auswierkt, an net jidderee verdréit d'Inhaltsstoffer. Si recommandéiert dohier eng Mask wärend enger Seance unzedinn. De ganzer Kierper ze fierwe kascht iwwregens ëm 45 Euro. Och wichteg: de kënschtlechen Teint schützt net géint d'Sonn – Sonnecrème bleift also trotzdeem e Must.
De Solarium verléiert ëmmer méi u Popularitéit, och wéinst de Warnunge vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Amplaz dovu gewannen Alternativen ewéi Spray Tanning u Bedeitung – mee och hei gëllt: d'Hautgesondheet soll ëmmer am Mëttelpunkt stoen.