
De Beamten huet den Onbekannten e puer Mol dorop higewisen, vu senger Trottinette erofzeklammen an ze Fouss duerch d'Gare ze trëppelen. Doropshin huet hien de Beamten ugespaut a mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen. Nodeems d'Affer op de Buedem gefall ass a sech dobäi blesséiert huet, huet den Täter hien nach e puer Mol mam Fouss gerannt, éier hie sech mat senger Trottinette duerch d'Bascht gemaach huet.
Hiweiser si fir d'Police Lëtzebuerg ënnert der Nummer 244 404 500.