
Och wann all d'Chamber-Kommissiounen iwwer Videokonferenz organiséiert ginn.
Et ass awer néideg, datt entspriechend Gesetzestexter am Kontext mat der Lutte géint d'Corona-Pandemie analyséiert, diskutéiert a gestëmmt ginn. Sou och e Gesetzesprojet iwwer d'zäitlech limitéiert Hëllefe fir Betriber, déi duerch d'Kris a finanzielle Schwieregkeete sinn.
Dësen Text diskutéieren d'Deputéiert zesumme mam Wirtschaftsminister Franz Fayot en Donneschdeg an de Chamberkommissioune fir de Mëttelstand an der Ekonomie. Et geet ëm déi sougenannt "Minimis"-Hëllefen, déi u sech eng remboursabel Hëllef vun 200.000 Euro duerstellen, ee Montant awer, dee bis op 800.000 Euro kéint gehéicht ginn, wa Bréissel averstanen ass.
D'nächst Woch ewell soll dëst Gesetz dann an der Plenière gestëmmt ginn. Och ass d'nächst Woch nach d'Debatt iwwert eng 30 grouss Infrastruktur-Projeten um Krautmaart virgesinn.
E Mëttwoch iwwerdeem kënnt d'Chamberpetitiounskommissioun beieneen - wéinst der Lutte géint de Corona sollen d'Delaie fir ëffentlech Petitiounen ugepasst a verlängert ginn.
