EU-Propos an der KritikChamber-Deputéiert weise sech skeptesch iwwer geplangten Chat-Iwwerwaachung

RTL Lëtzebuerg
De Schutz vun der Privatsphär misst respektéiert ginn, huet d'Lëtzebuerger Justizministesch Sam Tanson an der Chamber betount.
© AFP/File/Odd ANDERSEN

D’Lëtzebuerger Regierung wäert sech derfir asetzen, datt d’Propositioun vun der EU-Kommissioun an der Lutte géint de sexuelle Mëssbrauch vu Mannerjäregen am Internet iwwerschafft gëtt.

De Schutz vun der Privatsphär misst respektéiert ginn, sou d’Justizministesch Sam Tanson an der Chamber. Et wier net verhältnisméisseg, wa jidderee systematesch iwwerwaacht kéint ginn. De Projet vun der Kommissioun steet an der Kritik, well doran ënnert anerem virgesinn ass, datt Internetprovidere wéi Google a Facebook gesetzlech dozou verflicht solle ginn, och privat Messagen automatiséiert op verdächteg Contenuen ze scannen.

Kritiker fäerten eng Masseniwwerwaachung. Och d’Deputéiert an der Chamber hu sech op deem Punkt skeptesch gewisen.

Back to Top
CIM LOGO