System net méi zäitgeméissChambre de Commerce fuerdert maximal eng Indextranche d'Joer

RTL Lëtzebuerg
Virun de Walen huet d'Chambre de Commerce en Donneschdeg verschidde Propositioune presentéiert. Dës sinn no Echangë mat de Betriber entwéckelt ginn.
Chambre de Commerce fuerdert maximal eng Indextranche d'Joer
Virun de Walen huet d’Chambre de Commerce en Donneschdeg verschidde Propositioune presentéiert. Dës sinn no Echangë mat de Betriber entwéckelt ginn.

Méi wéi d’Hallschent vun de Betriber hunn den Ament Schwieregkeete fir qualifizéiert Aarbechtskraaft ze fannen, seet d’Chambre de Commerce. Donieft mécht hinnen d’Präisdeierecht ënner anerem bei der Energie a bei de Matières Premières Suergen.

Chambre de Commerce fuerdert maximal eng Indextranche d’Joer / Sabrina Backes

Et bréicht een en neien ekonomesche Model, dee kompetitiv an attraktiv ass. Den Ament géing d’Produktivitéit zu Lëtzebuerg stagnéieren, wat och um Indexsystem géing leien. Der Handelskammer no wier dëse net méi zäitgeméiss a géing d’Inflatioun nëmme weider undreiwen. Den Direkter vun der Chambre du Commerce Carlo Thelen:

“Mir wäerten erëm eng Kéier rappelléiere wéi pervers den aktuellen Indexatiounssystem ass, deen de Leit déi Schwieregkeeten hunn iwwer d’Ronn ze kommen, lo duerch déi héich Inflatioun wéineg bréngt. Dat muss ee sou soen, an déi Leit, déi et manner brauchen, déi kréien disproportionéiert vill kompenséiert. D’Indexatioun deet de Betriber alleguer wéi an dofir hu mir eben déi Propositioun gemaach, déi triple Mesure vun der Indexéierung op eng Tranche d’Joer ze limitéieren.”

Iwwerdeems misst ee géint d’Penurie vun der Aarbechtskraaft virgoen, déi antëscht d’Majoritéit vun de Secteure betrëfft. D’Folge wiere schonn ze gesinn, sou d’Directrice vun den Affaires Economiques Christel Chatelain:

On voit qu’actuellement certaines entreprises n’arrivent pas à mettre en oeuvre leur transition écologique et digitale. Simplement par manque de compétence, ils ne trouvent plus sur le marché du travail les compétences. Donc certaines entreprises sont déjà obligées de réduire leur production en raison de ce manque de main d’oeuvre. Et donc on a aussi un risque de concurrence entre les entreprises.”

An hiren Ae misst d’Politik eng national Strategie ronderëm d’Fërderung vun den Talenter op all Niveau vum Enseignement opbauen. Fir méi Leit aus dem Ausland unzezéien, misst iwwerdeems eng méisproocheg Plattform opgebaut ginn, déi Salariéeën aus Drëttlänner de Start an d’Aarbechtsliewe vereinfache soll.

Back to Top
CIM LOGO