Motor louch op der StroossChauffer ënner Alkoholafloss verursaacht gréisseren Accident zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg mellt d'Police direkt e puer Fäll vun Alkohol hannert dem Steier, dorënner och zwee Accidenter.
© Laurent Weber

E Freideg den Owend krut d’Police e Chauffer zu Diddeleng gemellt, dee wuel ze vill gedronk hat. Zeien hunn d’Autosplack duerchginn a sou konnt d’Police den Auto an der Avenue G.-D. Charlotte op Héicht vun der Gare unhalen a kontrolléieren. Dobäi huet sech erausgestallt, datt de Chauffer tatsächlech ze vill gedronk hat an och scho méi dacks wéinst Alkohol hannert dem Steier opgefall ass. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert an de Fürerschäin agezunn.

Géint Hallefnuecht ass der Police en Automobilist an der Stad gemellt ginn, dee wéinst geféierlechem Fueren opgefall ass. Hie soll ënner anerem duerch Rout an iwwer duerchgezunne Strécher gefuer sinn. D’Police huet de Won an der Rue Marie Adelaide ugehalen a festgestallt, datt de Chauffer staark ënner Alkoholafloss stoung. Weider huet sech erausgestallt, datt säi Permis ofgelaf war. Bei der Kontroll vum Gefier goufen däitlech Schied op der rietser Säit festgestallt, dorënner Schréipsen an e gebrachene Spigel. Obwuel de Chauffer fir d’éischt uginn huet, net an en Accident verwéckelt gewiescht ze sinn, huet d’Police kuerz drop d’Spuere vun engem Accident um Boulevard de la Pétrusse lokaliséiert. Um Trëttoir louchen Deeler vum Gefier an e Verkéiersschëld war aus senger Verankerung gerappt ginn. Et gouf eng Plainte wéinst Farerflucht a fueren ouni gültege Permis gemaach.

Am Laf vum Samschdegmoie krut d’Police e Gefier gemellt, dat op engem Parking an der Rue de Gosseldange zu Miersch mat lafendem Motor stoung. Bei der Kontroll gouf de Chauffer schlofend hanner dem Steier fonnt – de Mann hat de Fouss um Gas an huet wuel am Schlof Vollgas ginn. En Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.

Dann ass et nach géint 4 Auer zu engem Accident zu Diddeleng komm. E Gefier ass iwwer d’Insel vun engem Kreesverkéier gefuer, iwwer en Trëttoir an iwwer direkt e puer Leitplanken. De Motor vum Auto huet sech wärend dem Accident geléist a louch op der Strooss. De Chauffer gouf fir eng medezinesch Kontroll an e Spidol bruecht. Och hei gouf festgestallt, datt hien ze vill Alkohol gedronk hat an de Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO