
Kuerz no 7 Auer hat de Chauffer an enger Rietskéier d’Kontroll iwwert säi Won verluer a krut e Bam mat voller Wucht ze paken. De Schock war därmoossen hefteg, dass d’Gefier an 2 Stécker gefuer ass.
De Chauffer koum éischten Informatiounen no mat liichte Blessuren an d’Spidol.