
Just kuerz Zäit drop gouf den nämmlechten Auto nach emol eragemellt, well en an ee liichten Accident verwéckelt war. D’Police konnt de Chauffer lokaliséieren a kontrolléieren. Dobäi huet sech erausgestallt, datt et schonn ee Fuerverbuet géint de Chauffer gouf. Op Uerder vum Parquet krut hie säin Auto saiséiert an et gouf ee Protokoll erstallt.
D’Police huet dann och nach Detailer zu engem Tëschefall ginn, deen de CGDIS e Méindeg de Moien och scho gemellt hat. Géint 19.30 Auer e Méindeg den Owend war et op der N17 tëscht Tandel a Furen zu engem Accident komm. Éischten Informatiounen no hat de Chauffer an enger Rietskéier d’Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass op d’Géigespuer geroden. Den Auto koum op engem Feld zum Stoen, nodeems e virdrun nach laanscht ee Bam geschruppt, widder ee Verkéiersschëld an eng Bänk geknuppt an duerch een Zonk gerannt war. De Chauffer gouf dobäi liicht blesséiert. Een Alkoholtest ass positiv verlaf, esou datt hie säi Fürerschäin agezu krut.
An der Nuecht op en Dënschdeg ass der Police an der Avenue de Luxembourg zu Nidderkäerjeng géint 1.20 Auer dann nach een Auto duerch dem Chauffer seng ongewéinlech Fuerweis opgefall. Den Auto konnt gestoppt an de Chauffer kontrolléiert ginn. Den Alkoholtest war och hei positiv an de Chauffer krut säi Fürerschäin ofgeholl.