Handball-ChampionnatDéifferdeng entscheet intensive Match fir sech

Yannick Glod
Esch, Diddeleng a Bierchem hu sech keng Bléisst ginn an hir jeeweileg Matcher gewonnen. Bei den Damme gouf et zwee Spilldeeg viru Schluss och kloer Resultater.
Den Daniel Tako an Déifferdeng hu sech am Retourmatch géint Käerjeng duerchgesat.
Den Daniel Tako an Déifferdeng hu sech am Retourmatch géint Käerjeng duerchgesat.
© Val Wagner (Archiv)

Hären

Eng Woch no der EM-Campagne mat der Nationalekipp waren d'Nationalspiller am Alldag vum Lëtzebuerger Championnat nees am Asaz. E Samschdeg war mam 8. Spilldag den Optakt vun der Réckronn, wou Käerjeng de Champion Déifferdeng bal eng zweet Kéier iwwerrascht hätt.

Wéi schonn um éischte Spilldag am September (32:32) war et en intensive Match tëscht dem HB Käerjeng an der Red Boys Déifferdeng. Dës Kéier haten déi Rout awer dat bessert Enn fir sech a gewanne 34:32. Dobäi hat et laang no enger weiderer Käerjenger Iwwerraschung ausgesinn.

D'Lokalekipp louch de Gros vum Match vir a konnt dës Féierung bis an d'53. Minutt halen. An der 42. Miunutt gouf et déi éischt Schlësselzeen: De Käerjenger Kouni an den Déifferdenger Ouzrour goufe gläichzäiteg disqualifizéiert a konnten hiren Ekippen net méi hëllefen.

Déi Gréng konnten den Ausfall vun hirem Pilier an der Defense nach e puer Minutte kompenséieren, mee d'Intensitéit am Match blouf weider héich. An der 53. Minutt krut Käerjeng mam Gonzalo Battiston e weidere Spiller mat Rout (3 Zäitstrofen) vum Terrain gesat. Dovu konnt Déifferdeng profitéieren a sech déi entscheedend Goler ofsetzen, fir um Enn d'Victoire mat heem ze huelen.

Den HB Esch huet sech beim 44:36 géint d'Esperance Rëmeleng keng Bléisst ginn a bleift weiderhin Tabelleleader virun der Red Boys Déifferdeng an dem HB Diddeleng. D'Escher hunn an der éischter Hallschent de Grondsteen dofir geluecht, dass si fréi op d'Gewënnerstrooss abéie konnten.

Mat 25:20 goung et an d'Kabinne fir Werdel, Krier a Co an dëse Virsprong gouf duerno kontinuéierlech ausgebaut. Luca Tomassini (9 Goler), Sebastian Edgar an Tom Krier (jee 8) waren déi bescht Buteure fir Esch, op Rëmelenger Säit hunn den Daniel Elting (11) an de Vincent Schockmel (8) am meeschte getraff.

Och Diddeleng (46:34 géint de Standard) a Bierchem (38:18 géint Dikrech) hu sech kloer géint hir jeeweileg Géigner behaapt, soudass d'Tabellespëtzt weider enk zesummebleift.

Loïc Kaysen fält laang aus

Ënnert der Woch war bekannt ginn, dass de Loïc Kaysen sech am Match géint Schweden e Kräizbandrass zougezunn huet a fir dës ganz Saison ausfale wäert. Dat huet säi Veräin TV Großwallstadt op de Sozialen Netzwierker matgedeelt. Et ass den drëtten Nationalspiller, nieft den Damme Svenia Gambini a Laura Ciufoli, dee mat der selwechter Blessur laangfristeg ausfale wäert.

________________________________________________

Dammen

Fir d'Dammenekippe bleiwen an dësem Joer just nach zwee Matcher ze spillen, éier et an eng laang Wanterpaus geet. Déi soll genotzt ginn, fir dass d'Nationalspillerinnen nach eng Kéier zesummekommen a sech fir d'Joer 2027 aspille kënnen.

En Dënschdeg schonn hat den ongeschloenen Tabellenéischten Diddeleng beim 37:24 kuerze Prozess mam HB Museldall gemaach. D'Miselerinne ware mat engem klenge Kader an d'Forge du Sud gereesst an hu schonn no 10 Minutte mussen agesinn, dass nees keng Punkten op hirem Kont lande géifen. Den HBD hat an der Paus schonn e Virsprong vun 10 Goler, deen um Enn nach méi héich ausgefall ass.

Den éischte Match ënner der Regie vum neien Trainer Agron Shabani huet d'Red Boys Déifferdeng direkt gewonnen - an dat méi wéi däitlech beim 42:22 beim HC Standard. De Kader war par rapport zum Match géint Diddeleng dräi Deeg virdrun nees méi grouss a virun allem d'Diana Damian war mat 10 Goler gutt opgeluecht.

De Standard hat nom Pausestand vun 12:22 wuel keng Chance méi op d'Victoire, et ass de Stater awer gelongen, keng esou miserabel zweet Hallschent wéi géint Dikrech ze presentéieren, wou hinne just ee Gol gelonge war.

Den 8. Spilldag gouf e Samschdeg mam Match Dikrech géint Käerjeng ofgeschloss, wou d'Gäscht aus dem Süde mat 35:23 d'Iwwerhand behalen hunn. D'Jil Reiter huet mat 10 Goler zu der klorer Victoire bäigedroen.

No 20 Minutten hat Käerjeng schonn eng däitlech Avance a war mat 19:9 an d'Kabinne gaangen. D'Avance ass ëmmer weider gewuess a sou konnt de Käerjenger Trainer Dan Mauruschatt senge jonke Spillerinne vill Spillzäit ginn.

Schonn e Mëttwoch geet et mam 9. Spilldag weider. Da kënnt et zum Spëtzematch tëscht dem HB Käerjeng an dem HB Diddeleng. Do wäert sech entscheeden, wien als Éischten an d'Placéierungsronn anzéie wäert. Mee och de Standard kéint mat zwee Punkte géint de Museldall d'Course ëm Plaz 4 mat Dikrech nach eng Kéier spannend maachen.

Back to Top
CIM LOGO