
E Reebou, mee bal ganz ouni Faarwen: Bei dësem aussergewéinleche Wiederphenomen handelt et sech warscheinlech ëm e sougenannten Niwwelbou, deen och als "wäisse Reebou“ bezeechent gëtt.
En Niwwelbou entsteet am Prinzip änlech wéi e klassesche Reebou. D'Sonn steet hannert dem Observateur an d'Liicht trëfft op d'Waasserdrëpsen am Niwwel. Den entscheedenden Ënnerscheed läit an der Gréisst vun dësen Drëpsen. Am Niwwel si se vill méi kleng wéi bei Reen.
Duerch déi kleng Drëpsen trenne sech déi verschidde Faarwe vum Sonneliicht net esou däitlech vuneneen. Si iwwerlagere sech gréisstendeels, soudatt amplaz vun de bekannte rouden, orange, gielen, gréngen a bloe Sträifen e breeden, bal wäisse Bou ze gesinn ass.
Och op der Foto ass dësen typesche wäisse Bou däitlech virun der Niwwelschicht ze erkennen. Am Verglach mat engem normale Reebou ass en däitlech méi breet, seng Konture si manner schaarf an et si kaum Faarwen z'erkennen.
Fir datt en Niwwelbou entstoe kann, mussen also Sonn, Niwwel a ganz fein Waasserdrëpsen an der richteger Konstellatioun zesummekommen. Genee wéi bei engem normale Reebou erschéngt de Bou op där Säit vum Himmel, déi der Sonn géintiwwerläit.
Kuerz gesot: Et ass tatsächlech eng Zort Reebou, just datt déi winzeg Drëpsen am Niwwel dofir suergen, datt en amplaz faarweg bal komplett wäiss ausgesäit.
Dir hutt och Fotoe vun esou engem "wäisse Reebou" gemaach, dann zéckt net a schéckt d'Fotoe gär op meteo[at]rtl.lu.