PolicebulletinChauffer zanter 1 Joer ouni Führerschäin ënnerwee, Accident zu Maarnech

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdegnomëtteg gouf e Chauffer zu Monnerech ouni Fuererlabnis erwëscht. Zu Maarnech sinn iwwerdeems en Auto an e Motorrad aneneegerannt.

En Dënschdeg am Nomëtte krut d’Police en Autoschauffer gemellt, deen duerch eng ongewéinlech Fuerweis opgefall war. Hie konnt op engem Parking zu Monnerech ermëttelt ginn, wollt sech allerdéngs duerch d’Bascht maachen, wéi d’Beamten hie kontrolléiere wollten. Hie konnt gestoppt an immobiliséiert ginn. Nieft engem positiven Alkohol- an Drogentest hunn d’Polizisten ausserdeem festgestallt, datt géint de Mann zanter méi wéi engem Joer e Fuerverbuet besteet. Den Auto, wéi och eng kleng Quantitéit Drogen, goufe saiséiert an de Chauffer protokolléiert.

Zu Maarnech koum et géint 16.15 Auer zu engem Accident an engem Rond-point. Heibäi sinn en Auto an e Motorrad anenee geknuppt. Wéi d’Police matdeelt, war den Autoschauffer vun der Sonn geblent, sou datt hien de Motorradsfuerer ze spéit gesinn huet. Dëse koum mat enger Blessur un der Hand an d’Spidol.

Kuerz géint Mëtternuecht ass en alkoholiséierten Autosfuerer an der Avenue J-F Kennedy zu Ettelbréck géint eng Mauer geknuppt a weidergefuer. Nodeems hie kuerz drop vun der Police ugehale gouf, krut hie säi Permis ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO