
Géint hallwer 4 en Dënschdeg de Moie koum et op der N27, direkt bei der Uertschaft Méchela, zu engem Accident, an deem en Auto dra verwéckelt war. Ënnert anerem huet de Chauffeur e Stroosseschëld, e Pilier aus Steen an eng Mauer matgeholl. De Chauffeur, wéi och de Bäifuerer, goufen heibäi liicht blesséiert.
An dach ass der Police opgefall, dass de Chauffeur, deen dono op de Policebüro koum, Blessuren opzeweisen hat, déi mat grousser Wahrscheinlechkeet net konnte vum Accident kommen. Et huet sech séier erausgestallt, dass de Mann, deen den Accident verursaacht huet, alkoholiséiert war an nom Accident vum Bäifuerer, deem den Auto gehéiert huet, hefteg zerklappt gouf.
Bekannter, déi direkt hannert dem accidentéierten Auto gefuer sinn, wollten de Mann, dee wuel ferm rose war, berouegen, ma goufen du selwer och nach attackéiert. Eng Fra krut mat der Fauscht an d'Gesicht geschloen a gouf un der Hand geschnidden.
De Chauffeur krut de Permis ewechgeholl an e Fuerverbuet, eng Plainte géint de Kläpper gouf deposéiert.