
D‘Entreprise Circuit Foil vu Wolz gëtt elo awer net vun der chineesescher Firma Defu iwwerholl. Dës huet sech aus dem geplangten Deal zeréckgezunn.
De Wirtschaftsministère huet RTL vis-à-vis just schrëftlech reagéiert. Den 8. Januar hätt de Ministère eng Autorisatioun erausginn, déi awer u Konditioune gebonne war. Dës Méiglechkeet wier an der nationaler an europäescher Legislatiounen iwwer d’Kontroll vun auslänneschen Investissementer virgesinn, wann et ëm Aktivitéite geet, déi als kritesch agestuuft sinn.
D’Firma hätt an der Suite wësse gedoen, datt dës Konditiounen et fir si net erlaben, de Kaf - wéi en initial geplangt war - ofzeschléissen. Et hätt ee sech am Gudden drop gëeenegt, d’Acquisitioun ofzebriechen.
Wat d‘Konditioune waren a firwat d‘Firma dës net konnt oder wollt erfëllen, gëtt am Schreiwe vum Ministère net präziséiert.
Am Juli zejoert war annoncéiert ginn, datt Defu 100 Prozent vun de Parte vu Circuit Foil fir 174 Milliounen Euro wéilt iwwerhuelen. Circuit Foil ass ee vun de weltwäiten Experten an der Produktioun vun dënne Folien aus Koffer.