Invité vun der Redaktioun (2. Dezember): Claudia MontiD'Presidentin vun HUT trëtt am Januar vun hirem Posten zeréck

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie war d'Nofollger-Organisatioun vun der Caritas Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Claudia Monti
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Claudia Monti hält als Presidentin vun der Organisatioun HUT - Hëllef um Terrain op. Si iwwerhëlt eng Plaz an engem Ministère, wouduerch e méiglechen Interessekonflikt entsteet, sot d’Claudia Monti en Dënschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

Bis den 31. Januar 2026 bleift si awer nach un der Spëtzt vum Verwaltungsrot vun HUT. Mä och si misst Sue verdéngen a kéint net nëmme “vu Loft a Léift liewen”. D’Presidence vun HUT ass benevole an also net bezuelt.

Wéi ee Poste si berufflech iwwerhëlt, konnt d’Claudia Monti nach net soen. Just esou vill, datt hir nei Aarbechtsplaz mat Mënscherechter ze dinn hätt. Hiren Nofollger bei HUT steet nach net fest, d’Vize-Presidente wäerten awer viraussiichtlech d’Presidence am Interim iwwerhuelen.

373 Leit schaffe bei HUT

D’Claudia Monti ass zanter Enn Abrëll Presidentin vun der Nofollger-Organisatioun vun der Caritas. Et misst een nees Vertrauen opbauen. Et wier een eng komplett nei Organisatioun, a keng nei Caritas, an et hätt een als Organisatioun seng Identitéit fir d’éischt emol misste fannen. Den Ament schaffen 373 Leit bei HUT an et géif een nach weider Leit astellen.

“Nees Vertrauen opbauen”

Um Terrain a bei de Leit misst een nees Vertrauen opbauen. De ganze Secteur hätt ënnert dem Caritas-Skandal gelidden. Mä och HUT wär op Donen ugewisen a géif och nees Spende kréien. Et hätt een 969 Donateuren, déi bal 300.000 Euro gespent hunn. Nach kann een déi Suen net vun de Steieren ofsetzen, well HUT nach net de Statut vun utilité publique huet.

HUT ass och bei der Wanteraktioun derbäi, déi vum 15. November bis de 15. Abrëll dauert. An de kale Wanterméint kritt een hei e Bett an eppes z’iessen. D’Wanteraktioun war scho gutt besicht, sot d’Claudia Monti. Et géif ee warscheinlech och dëst Joer nees un d’Limitte komme vun den 250 Better. Vill Leit géifen Hëllef brauchen. Och Fraen oder Frae mat Kanner géifen an d’Wanteraktioun kommen.

Invité vun der Redaktioun: Claudia Monti

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO