PolicebulletinCourse-poursuite zu Stroossen, Auto op der Kopp op der Kockelscheier

RTL Lëtzebuerg
Vun en Donneschdeg op e Freideg koum et op e puer Plazen uechter d'Land zu Accidenter. Zwee Permisen hu missten agezu ginn.
© Police Lëtzebuerg

En Donneschdeg den Owend géint 19 Auer ass en Autoschauffer zu Munneref an e Stroosseschëld geknuppt. Nodeems d’Police festgestallt huet, datt de Mann ënner héijem Alkoholafloss stoung, misst säi Permis agezu ginn.

Ze déif an d’Glas gekuckt hat och eng Chauffesch op der A3 a Richtung Stad op der Héicht vun der Aire de Berchem. Si huet en Accident gebaut an huet missen an d’Spidol ageliwwert ginn. Och si huet hire Fürerschäi missen ofginn.

An der Nuecht op e Freideg ass zu Stroossen an der Route d’Arlon eng Fra mat 83 km/h duerch eng Vitesskontroll gefuer. Erlaabt ware 50 km/h. Amplaz stoen ze bleiwen, huet si sech a Richtung A6 duerch d’Bascht gemaach, konnt awer gestoppt ginn. Si krut eng Plainte. Well den Alkoholtest e Wäert vu manner wéi 1,2 Promill opgewisen hat, krut si hire Permis net ofgeholl.

Géint 3.30 Auer koum et e Freideg op der Kockelscheier zu engem Accident op der CR186. Nodeems en Auto an d’Schleidere koum a géint eng Stroosseluucht geknuppt war, louch en an engem Gruef op der Kopp. De Chauffer gouf dobäi net blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO