Ouni Ex-LSAP-SpëtzekandidatinCSV an DP zu Monnerech ënnerschreiwen Avenant fir Koalitiounsaccord

RTL Lëtzebuerg
Wéi den CSV-Buergermeeschter vu Monnerech RTL confirméiert, wäerte si hir Koalitioun mat de Liberalen an der Gemeng weiderfeieren.

D’DP Monnerech verzicht net op de Schäfferot, fir d’Christine Schweich an hir Fraktioun opzehuelen. Den DP-Schäffe vu bis elo Marc Schramer sot RTL, et wéilt een den Accord fir eng nei Koalitioun mat der CSV zu Monnerech anhalen. D’CSV an d’DP hunn e Mëttwoch den Owend an deem Sënn en Avenant zu hirem Koalitiounsaccord ënnerschriwwen.

D’Christine Schweich géing verstoen, datt si net kéint vun der LSAP an d’DP-Fraktioun wiesselen, wann dat de schonn ënnerschriwwenen Accord fir eng Koalitioun tëscht CSV an DP géing a Gefor bréngen, seet de Marc Schramer. D’Christine Schweich selwer huet hiren Telefon net méi opgehuewen, nodeems de Buergermeeschter Jeannot Fürpass gesot hat, eng Koalitioun mat enger DP-Fraktioun inklusive der Christine Schweich kéim fir d’CSV net a Fro.

D’CSV Monnerech géing d’Walen, also den demokratesche Prozess, eescht huelen. Fir hie wier der Christine Schweich hiert Mandat kloer en Mandat vun der LSAP. Déi fréier LSAP-Buergermeeschtesch war bei de Walen viru knapps dräi Wochen als Spëtzekandidatin fir d’Sozialisten ugetrueden. Dëse Méinden hat si dunn hire Wiessel bei d’DP ugekënnegt a gesot, si géif hiert Mandat mat bei hir nei Partei huelen.

D’DP Monnerech huet de Message vum Jeannot Fürpass awer verstanen. D’Christine Schweich géing als onofhängeg Member an de Monnerecher Gemengerot goen, esou de Marc Schramer, dee confirméiert, datt si elo Partei-Member bei der DP ass.

D’CSV an d’DP hunn den Owend en Avenant zu hirem fäerdege Koalitiounsaccord ënnerschriwwen, dat huet d’CSV an hire Buergermeeschter Jeannot Fürpass RTL géintiwwer confirméiert. Dee leeft drop eraus, datt d’Christine Schweich net fir d’DP an de Schäfferot ka réckelen, datt hire Vott am Gemengerot net als Vott vun der DP an domat vun der Majoritéit ka gezielt ginn. Si kéint doduerch och kee Gemengerotsmandat fir d’DP unhuelen, zum Beispill an de consultative Kommissiounen oder de Gemengesyndikater.

Den LSAP-Co-President Dan Biancalana seet, wann ee fir d’LSAP géing an d’Walen goen, géif ee sech am Fong verflichten, säi Mandat zeréckzeginn, wann ee géing bei der Partei ophalen. Mä hien gëtt zou, datt d’LSAP net vill kann ënnerhuelen, wann d’Christine Schweich wëllt als onofhängeg Member an de Gemengerot goen.

Schwéier Politik zu Monnerech / Reportage Michèle Sinner

D’Schreiwes vun der CSV

MONNERECH: Avenant zum Koalitiounsaccord vun der CSV an der DP ënnerschriwwen No der Réunioun vu gëschter Owend, ass d’DP Sektioun vun der Gemeng Monnerech dem Argumentaire vun der CSV nogaangen an huet am Nomëtteg hiren Accord zu engem Avenant zum Koalitiounsvertrag ginn. Fir de Wielerwëllen ze respektéieren, ass um Dag vun haut, op Demande vun der CSV, an engem schrëftlechen Avenant festgehale ginn, dass de Koalitiounsvertrag, dee schonn den 21. Juni tëschent 6 Memberen vun der CSV an 2 Memberen vun der DP ënnerschriwwen ginn ass, och weiderhin wäert respektéiert ginn. D’CSV ënnersträicht dass et hinnen wichteg ass esou weiderzeschaffen wéi dat bis elo de Fall war, an aller Transparenz an ouni hir Glafwierdegkeet beim Wieler op d’Spill ze setzen. Sou gouf festgehalen, dass kee Kandidat, deen op enger anerer Parteilëscht wéi déi vun de Koalitiounspartner bei de Gemengewalen ugetrueden ass, kann fir d’CSV oder d’DP mat an d’Majoritéit goen.

RTL-News: Ouni Christine Schweich am Gemengerot - CSV Monnerech stellt Konditioune fir méiglech Koalitioun mat der DP
RTL-News: No Wiessel bei d’DP - LSAP Monnerech fuerdert: Christine Schweich soll hiert Mandat zeréckginn
RTL-News: Bei d’DP - LSAP-Tresorière Christine Schweich wiesselt d’Partei

Back to Top
CIM LOGO