Ouni Christine Schweich am GemengerotCSV Monnerech stellt Konditioune fir méiglech Koalitioun mat der DP

RTL Lëtzebuerg
De Wiessel vun der LSAP-Spëtzekandidatin Christine Schweich bei d'DP kuerz no de Gemengewale stellt och déi stäerkste Partei an der Gemeng viru Problemer.

D’CSV Monnerech wëll net mat der DP an eng Koalitioun goen, wann d’Christine Schweich als DP-Member an de Gemengerot kënnt. Dat huet den CSV-Buergermeeschter Jeannot Fürpass RTL confirméiert. Fir d’CSV wier der Christine Schweich hiert Mandat kloer en LSAP-Mandat. D’Christine Schweich war zu Monnerech als Spëtzekandidatin fir d’LSAP ugetrueden. D’CSV huet den DP-Réit Marc Schramer a Serge Gaspar déi Positioun en Dënschdeg erkläert, esou de Jeannot Fürpass.

Et wier eng Situatioun, déi fir eis net drobar ass vis-à-vis vum Wielerwëllen. D’CSV zu Monnerech, déi steet fir Transparenz, fir Éierlechkeet a Credibilitéit a mir wëllen eis Credibilitéit bei de Leit, déi mer eis wierklech haart erschafft hunn, net op d’Spill setzen. Dat ass de Message un d’DP. De Ball läit bei hinnen. Si mussen eis soen: ‘Jo dat ass elo dat doten’ oder wéi se dat hikréien, dat weess ech net. Mä wann elo imposéiert gëtt, mir sinn zu dräi, dat ass eppes, wat mir net matmaachen, da wäerte mir muer bei der LSAP untocken an da ginn ebe Gespréicher mat der LSAP declenchéiert.

Extrait Jeannot Fürpass

D’DP-Fraktioun Monnerech hat e Méinden den Owend an engem Communiqué matgedeelt, si géif d’Christine Schweich an hir Fraktioun ophuelen. Déi lescht sechs Joer gouf Monnerech vun enger CSV-DP-Koalitioun ënnert dem Jeannot Fürpass gefouert. Déi zwou Parteie ware sech d’lescht Woch am Fong och eens ginn, déi Koalitioun weiderzeféieren.

RTL-News: Bei d’DP - LSAP-Tresorière Christine Schweich wiesselt d’Partei

Back to Top
CIM LOGO