"Gréng Terroristen", "Wouschtbéck"CSV-Gemengeconseiller Josy Hames geréit ënner Kritik wéinst Aussoen op Twitter

RTL Lëtzebuerg
Déi jonk Gréng konfrontéieren d'CSV e Samschdeg op Twitter mat Aussoe vum CSV-Gemengeconseiller Josy Hames vu Käerjeng.
© Screenshot vum Tweet

Dee Josy Hames hat sech ënnert anerem op Facebook ënnert engem Bäitrag vun Eldoradio iwwert déi jonk Gréng mat dëse graffen Ausdréck zu Wuert gemellt: “Et si lauter gring Terroristen. Mat esou Wouschtbéck geet Europa an hir Kultur ënner”.

Recherchë vun de jonke Gréngen hätten och erginn, datt de konservative Gemengerot eng sëlleg AfD-Säite geliked hätt. Wat denkt d’CSV doriwwer? freet sech déi gréng Jugendpartei.

Back to Top
CIM LOGO