
De Chauffer ass kuerz beim Cyclist stoe bliwwen, huet no sengem Gesondheetszoustand gefrot an ass duerno fortgefuer, wéi hien héieren hat, dass et der betraffener Persoun géing gutt goen. Den Automobilist koum aus der Déifgarage vun engem Akafszenter gefuer, wéi en anert Gefier him d'Virfaart ginn huet a stoe bliwwen ass.
Wéi et vun der Police Dikrech/Veianen heescht, ass den Autofuerer gebieden, sech via Telefon (+352) 244 801000 oder Mail police.diekirchvianden@police.etat.lu bei der Police ze mellen.
Gesicht gëtt en hellgroen SUV vu Peugeot, eventuell d'Modell 3008, mat Lëtzebuerger Plack. Persounen, déi de Virfall matkruten, kënne sech och bei de Beamte vun der Police mellen.