
Wéi d'Police schreift, gouf de Cyclist blesséiert. De Chauffer, dee mat engem schwaarze BMW mat Lëtzebuerger Placken ënnerwee war, huet sech no dem Accident duerch d'Bascht gemaach.
D'Ermëttlungen hunn erginn, dass zu deem Zäitpunkt och aner Automobilisten op der Plaz waren. Dës an aner Zeie si gebieden, sech bei der Police Kapellen/Stengefort ze mellen ënnert der Nummer 244 30 1000 oder per E-Mail op police.capellensteinfort@police.etat.lu.