Nationale Wiederdéngscht um SonndegDaagsiwwer grouss Hëtzt, Owes méiglecherweis schwéier Wiederen

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg klammen d'Temperaturen op maximal 32 Grad. Ma d'Meteolux gëtt awer eng Onwieder-Warnung fir Sonndes owes eraus.
© RTL Archiv

Och e Sonndeg gëtt et e ganz waarmen Dag, och wann d’Temperature vun e Samschdeg net méi wäerten erreecht ginn. Den nationale Wiederdéngscht Meteolux huet fir de Grand-Duché en “Avis de chaleur” erausginn.

D’Alerte gëllt vun de Moien 11 bis den Owend 20 Auer. Maximal 32 Grad si méiglech, deels liicht driwwer.

Wéi Meteolux e Sonndeg mellt, sinn d’Temperaturen e Samschdeg bis op e Maximum vun 33,8 Grad geklommen. D’Previsioune louche ronn 1 Grad méi héich. Grond dofir, dass d’Temperaturen e Samschdeg um Enn awer net grad esou héich waren, kéint eng Couche Saharastëbs sinn, déi iwwert dem Land louch, esou d’Experte vu Meteolux.

Fir e Sonndeg den Owend gëtt d’Meteolux dann awer och nach eng Alerte d’Orage, also eng Onwieder-Warnung eraus. Hei wäerten vun 22 Auer un Knëppelsteng, staarke Reen a vill Wand op d’Land duerkommen. Déi nächst Deeg sollen d’Temperaturen da weider zeréckgoen.

Mat méi héijen Ozonwäerter - iwwer 180 Mikrogramm pro Kubikmeter - ass och ze rechnen. Hei gëllt eng Alerte orange, dat vun e Sonndeg ëm 12 Auer un. Um Site emwelt.lu kann een déi aktuell Ozonwäerter, grad ewéi d’Héchstwäerter nokucken.

Ozon kann d’Otemweeër reizen, provozéiert Houscht, Kappwéi oder et kritt ee méi schwéier Loft. Bei de Wäerter, déi e Samschdeg erwaart ginn, gëtt och recommandéiert den Auto stoen ze loossen an op den ëffentlechen Transport ëmzeklammen. Wéi ee mam ëffentlechen Transport a mat de gratis Navetten am beschten op de Stauséi kënnt, gitt Dir hei gewuer.

Den Ozon-Wäert ass Owes ass héchsten an dofir ass et d‘Recommandatioun fir net tëscht 16 Auer an 22 Auer joggen ze goen. Dat wär d‘nämmlecht wéi een Pak Zigaretten ze fëmmen, sou den Wiederexpert Jörg Kachelmann.

Eeler Leit oder Persoune mat gesondheetleche Problemer sollte sech dann net ze vill dobaussen ophalen, a kierperlech Aktivitéiten an der praller Sonn evitéieren. Et soll ee vill drénken. Awer opgepasst, net ze kal, well do den Organismus ëmschalt fir Hëtzt un de Kierper no ze schécken wat nees un d’kierperlech Reserve geet.

D’Regierung mécht iwwerdeems den Appell, d’Drénkwaasser net ze verbëtzen. Et soll ee keng Schwämme fëllen, den Auto net wäschen, et soll een och drop verzichten, dobausse mam Schlauch ze botzen oder nach de Wuess ze nätzen, an esou weider.

Wien an der Stad ënnerwee ass a seng Sonnecrème vergiess huet, dee ka sech iwweregens elo op véier Sonnecrème-Statiounen zerwéieren. Statioune goufe vun der Fondation Cancer Luxembourg opgeriicht a Stinn op der Kinnekswiss, am Skatepark an der Péitruss, am Märeler Park an am Park um Kierchbierg.

Wat hëlleft géint d’Hëtzt?

Et soll een eppes Kales iessen, vill Uebst a Geméis an och schaarf. Domadder schweesst een an dat ass een natierleche Mechanismus, fir de Kierper of ze killen. D’Wunnenge solle gelëft ginn, d’Rolllueden esouwäit wéi méiglech erofgelooss ginn. E Ventilator ass och keng schlecht Initiativ, och wann deen d’Loft nëmmen ëmverdeelt. All elektresch Apparater, déi een net brauch, sollen ofgeschalt ginn.

© Santé

An da soll ee virun allem Kleeder aus natierleche Fiberen undoe wéi Kotteng, Seid oder Léngent. Kaalt Waasser um Kierper hëlleft och, virun allem am Gesiicht, op den Äerm an hannert de Knéien. Eng kal Dusch ass nëmme bedéngt unzeroden, well de Kierper sech d’ Temperatur zeréckhëlt. Et sief dann, et geet een eemol d’Stonn kal duschen.

Hëtztwell och a Südwesteuropa

D’Hëtztwell betrëfft och aner Regiounen a Südwesteuropa. A Frankräich gouf et schonn e Freideg eng rout an orange Alerte fir 70 Departementer. E Freideg gouf et och en neien Temperatur-Rekord fir de Mount Juni an op d’mannst 11 franséische Gemengen, dorënner Carcassone mat 40,4 Grad.

E Samschdeg schwätzt Frankräich vun enger Zitat “wierklecher Ausnamesituatioun” mat Temperaturen bis 43 Grad. Donieft ass een am Hexagon scho méi laang mat enger Dréchent geplot an de Risiko fir Bëschbränn klëmmt.

A Spuenien brenne schonn zanter Deeg dausenden Hektar Land. E Freideg hunn iwwer 3.000 Leit aus engem Fräizäitpark missen evakuéiert ginn.

An a Norditalien gëtt iwwerdeems d‘Waasser rationéiert. Et géing een den Ament déi uergsten Dréchent zanter iwwer 70 Joer erliewen. 125 Gemengen dréine mëttlerweil de Waasser-Krunn nuets zou an d‘Bewässerung vun de Felder ass ganz staark limitéiert a kontrolléiert. Geschwënn soll de Noutstand ausgeruff ginn.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO