Äntwert op eng parlamentaresch FroD'Aarbechtsplaze bei Paul Wurth zu Lëtzebuerg bleiwen erhalen

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Grupp SMS huet sech dem Lëtzebuerger Staat géigeniwwer engagéiert, 300 bis 350 Volltâchë bei Paul Wurth zu Lëtzebuerg ze erhalen.
© RTL Archiv

Dat entsprécht der Zuel vun aktuellen Aarbechtsplaze bei Paul Wurth. Dat schreift de Finanzminister Pierre Gramegna an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana a Mars Di Bartolomeo.

E Samschdeg hat de Wirtschaftsminister Franz Fayot op der Antenn vun RTL annoncéiert, datt d'lescht Woch en Accord fir d'Vente vun de Parten an ëffentlecher Hand un dat däitscht Mammenhaus fonnt gi wier. De Pierre Gramegna gëtt elo weider Prezisiounen. Esou wier ee sech och eens ginn, datt d'Aktivitéiten, déi näischt mat der Siderurgie ze dinn hunn, ofgetrennt ginn. Deemno bleiwen déi ëffentlech Acteuren hei am Land Co-Proprietär an den Immobilienaktivitéite vu Paul Wurth am Quartier Hollerech. Dat iwwert eng nei Gesellschaft, déi wäert gegrënnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO