
En Donneschdeg am spéide Moien huet dann och de Robert Koch-Institut de Grand-Duché vun der offizieller Lëscht vun de Risikogebitter erofgeholl. Den däitschen Ausseministère warnt op sengem Internetsite, datt zu all Ament nees kéinte Reeswarnunge fir Lëtzebuerg, grad wéi Regiounen a Spuenien, d'Belsch, Bulgarien ausgeschwat ginn.
De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass formell: "D'Lëtzebuerger kënne vun haut (Donneschdeg) un, vun deem Moment un, wou de Grand-Duché net méi als Risikogebitt klasséiert ass, eriwwer fueren". Op d'mannst an d'Nopeschbundeslänner Rheinland-Pfalz a Saarland. Déi hätte sech jo selwer zu Berlin derfir agesat, datt d'Restriktiounen opgehuewe ginn. Allgemeng sinn d'Quarantänsmesuren op Lännerniveau gereegelt, sou datt d'Bestëmmunge vu Bundesland zu Bundesland variéiere kënnen.
Weiderhin ass nach ëmmer net zu 100% kloer, ob Lëtzebuerger Residenten direkt nees ouni Restriktiounen an negativen Test an Däitschland fueren dierfen. Um Internetsite vum RKI gëtt präziséiert, datt Persounen, déi sech bannent de leschte 14 Deeg an engem Risikogebitt opgehalen hunn, éier se an Däitschland kommen, mat Quarantänsmesuren an den zoustännege Bundeslänner rechne kënnen.
D'Saarland huet en Donneschdeg de Mëtteg kloer gestallt, datt scho vun elo u keng Quarantän-Obligatioune méi fir Lëtzebuerger wäert ginn, déi an d'Bundesland areesen. Et brauch een also zum Beispill keen negativen Test méi.
Et géing ee sech freeën, datt de grenziwwerschreidenden Trafic nees ouni Limitatioune kéint funktionéieren, schreiwen d'Gesondheetsministesch Monika Bachmann an den Europaminister Peter Strobel an engem Communiqué.