De Grand-Duché steet viru villen Defien. Héich Inflatioun, eng Wirtschaft, déi net méi sou gutt dréint, e schwierege Sozialdialog a strukturell Problemer am Logement.
Wéi eng Akzenter muss de Premier haut a sengem État de la Nation onbedéngt setzen? Wéi kritt een de Sozialdialog aus der Sakgaass? A wat ass sech z’erwaarde vun der Tripartite?
Dat froe mer de Moien de fréieren Aarbechtsminister Dan Kersch. Den LSAP-Politiker ass kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.