
Bäcker, Schräiner, Kach, Patissier, Landschafts-Gäertner, Industrie-Mécanicien oder nach Estheticien. Dat geet och no der Première. Vun der nächster Rentrée u besteet d’Méiglechkeet fir nom Ofschlossdiplom am Secondaire zousätzlech en Diplôme d’aptitude professionnelle ze maachen a sech domat nei Dieren opzemaachen. Bis ewell war sou eng Reorientéierung an d’Handwierk mat enger Formatioun vun dräi Joer verbonnen. Déi nei sougenannt Première-DAP dauert awer just nach 1 Joer. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch e Méindeg annoncéiert, zesumme mat de concernéierte Beruffschamberen, déi de Projet ënnerstëtzen.
D‘Qualitéit an d‘Exigencë sollen déi selwecht bleiwen, versprécht de liberale Politiker. D’Evaluatioun ass och identesch an d’Leit kréien de selwechten Diplom. Well d’Formatioun kompriméiert gouf, ass se nawell intensiv, gëtt de Claude Meisch den interesséierte Leit mat op de Wee
“Et ass wierklech e kompakte Parcours, en intensive Parcours. Deen, deen esou plein temps an enger Beruffsausbildung ass, dee mécht net normalerweis 40 Stonnen an der Woch, deen huet seng Schoulvakanzen. Also hei geet ee scho bis 40 Stonnen d’Woch, d’Schoulvakanzen ass een an aller Reegel an Entreprisen a Stagen ënnerwee. Dat ass schonn eppes, wou ee ganz, ganz vill muss sech selwer engagéieren. An ech denken awer och nach eng Kéier, et léiert een aneschters. Et léiert een aneschters, wann ech meng Première hunn. A wann ech mer kënnt virstellen, ech sinn dee Moment op der Universitéit, wou ech meng Coursë beleeën, wou ech awer a grousser Autonomie eigentlech och nach muss niewelaanscht schaffen. Dat kënnen déi heiten. Dee Bagage hu se eigentlech entwéckelt. Soss hätte se hir Première net kritt.”
Siwe Beruffer ginn an deem Kontext vum Hierscht u proposéiert. Dat an den Zentere fir d’Formation professioenelle continue (CNFPC) zu Esch an Ettelbréck souwéi an der Akerbauschoul zu Gilsdref. Et muss ee sech aschreiwen. Pro Formatioun gi sechs Leit acceptéiert. Am Total ginn also 42 Kandidate geholl. Dat Ganzt wier lo als Pilotphas ze gesinn, sou de Claude Meisch. Méi spéit sollen d’Première-DAP-Formatiounen dann ausgebaut ginn.
