Récktrëtt bei ADR Osten"DAR" bezeechent Photoshop-Erklärung vum Alain Vossen als "Ligen"

David Winter
Nodeems den Alain Vossen säi Récktrëtt aus der ADR annoncéiert an d'Posts dono deels als Manipulatioun titeléiert huet, mellt d'DAR sech elo zu Wuert.

Wéinst 8 Joer ale Posts an de soziale Medien, ass den ADR-Kandidat fir den Osten, den Alain Vossen jo e Méindeg den Owend als Kandidat fir d’Chamberwalen zeréckgetrueden. De Jean-Marc Schmidt gouf zum neie Kandidat nominéiert.

De Facebook-Site “DAR - Dëlpessen vun Ausse-Riets”, hunn de Steen mat ale Facebook-Posts vum Alain Vossen iwwerhaapt emol an d’Rulle bruecht. Hei war de fréiere Kandidat fir d’Chamberwalen ënnert anerem op enger Foto ze gesinn, op deenen hien en T-Shirt mam Schrëftzuch “SS” a Rune-Schrëft unhat. “SS” steet jo fir d’Schutzstaffel aus der Zäit vum däitschen Nationalsozialismus.

DAR ass eegenen Aussoen no eng Säit, déi op satiresch awer och seriö Aart a Weis probéiert ze weisen, “wat hannert brongem Gedankegut” steet. Niewent den eegene Recherchen, géif een awer och dacks Inhalter vu Follower a Fans vum Site geschéckt kréien.

Nodeems ee sech d’Profiller op Facebook an anere soziale Medien méi genee vun de Kandidate vun der ADR ugekuckt hätt, wieren engem d’Posts vum Alain Vossen relativ séier opgefall. Niewent de Fotoen vum Kandidat, op deenen een de Schrëftzuch “SS” erkennt, goufen hei och fachistesch Memes fonnt, déi iwwregens och bis viru kuerzem nach um Profil vum Ex-ADR-Kandidat ze fanne waren. Wéi den Admin vun DAR dëse Post awer op hirem Site gedeelt huet, fir drop opmierksam ze maachen, gouf den Administrateur vum Site fir 2 Méint gespaart. Hei ass d’Kritik vun der Satire-Säit, dass Facebook anscheinend net differenzéiert:

“Mir hunn een Appell bei hirem „Oversight Board“ gemaach, well d‘Algorithmen vu Facebook (an hir Reviewers) visiblement keen Ënnerscheed tëscht Faschismus an der Kritik vu Faschismus maachen.”


Am Communiqué vun der ADR, gouf jo präziséiert, dass d’Fotoen, “mat Hëllef vu Photoshop” manipuléiert goufen an “aus hirem deemolege Kontext gerass goufen”. Dës Ausso léisst de Facebook-Grupp awer net stoen a betount, dass dëst déi original Screenshots vum Alain Vossen sengem fréiere Facebook-Profil sinn, deen elo mëttlerweil geläscht gouf. Op RTL-Nofro bei der ADR Osten krute mir matgedeelt, dass een et net technesch erklären kéint, wéi a wou et genee Manipulatiounen bei de Posts gouf, ma den Ex-Kandidat hätt der Partei dëst awer “glaubhaft erkläert”. Bis ewell huet de Betraffenen selwer, dee jo mëttlerweil zeréckgetrueden ass, eis géigeniwwer awer nach keng Stellung geholl.

An enger Reaktioun sot den ADR-Deputéierte Fred Keup, d’Faite wieren zwar scho ganz laang hier, mee et wieren Saachen, déi een net poste kéint, wann ee wéilt Kandidat sinn.

Reaktioun vum ADR-Deputéierte Fred Keup
Den ADR-Deptutéierten huet op d’Virwërf ronderëm den Alain Vossen reagéiert.

Op enger weiderer Foto, déi de Alain Vossen op sengem Account publizéiert hat, gesäit een hien mat engem T-Shirt vun der Nazi-Rockband “Screwdriver”, déi virun allem mat hiren extrem rassisteschen Texter an deels Opruff zu Gewalt ervirstiechen. Screwdriver gëllt ënnert anerem och als Grënnungsband vu “Blood and Honor”, e rietsradikaalt Netzwierk, dat zesumme mat rietsradikale Bands Nazi-Ideologie verbreet. An Däitschland ass dëst Netzwierk zënter 2000 verbueden. Donieft huet hien op der Foto och eng Machete am Grapp.

Niewent Fotoen, waren um Profil vum fréieren ADR-Kandidat fir den Osten dann och nach Memes a Biller ze fannen, déi an Zesummenhang mam Nationalsozialismus, dem Adolf Hitler a rietsen Ideologien stoungen. Dës deels geschmacklos Posten hu mer bewosst net bei eis um Site publizéiert.

Dass de Kandidat nom Post vun der Satire-Säit esou séier géif austrieden, hätt ee bei der Lëtzebuerger Satire-Säit awer net geduecht. Et wollt een an sech éischter eng Diskussioun ustoussen an op d’Faiten opmierksam maachen. Bedenklech fënnt een beim Grupp iwwregens, dass der ADR bis viru Kuerzem anscheinend net opgefall ass, wéi eng Contenuen den Alain Vossen op Facebook gepost huet, also mat wéi enge Kandidaten een an de Walkampf wéilt goen. Net méi fréi wéi e Samschdeg goufen d’Posts, respektiv säi kompletten Account, geläscht, also “wéi d’Lompen gedämpt hunn”, sou d’Facebook-Grupp. Virdrun hätt hie jo wéi et schéngt zu senge Posts gestanen.

*Fir dësen Artikel hate mir och en Interview beim Alain Vossen ugefrot, fir seng Versioun vun de Faiten duerzestellen. Hei krute mer bis ewell awer nach keng Äntwert.

Hei nach eemol dat offiziellt Schreiwes vun der ADR vun e Sonndeg

De Bezierkskommitee vun der ADR Osten huet haut den Owend de Récktrëtt vum Alain Vossen als Kandidat fir d’Chamberwalen ugeholl. Den Alain Vossen, 36 Joer, huet säi Récktrëtt domat begrënnt, datt hie wéinst Facebook-Posts, déi hie virun aacht Joer gemaach huet an déi, zum Deel mat Hëllef vu Photoshop, aus hirem deemolege Kontext gerass goufen, sech nemméi an der Lag géif gesinn, d’Iddie vun der ADR am Ablack no baussen ze vertrieden. Den Alain Vossen bedauert säin deemolegen onbekëmmerten Ëmgank mat de soziale Medien an distanzéiert sech konsequent vu sengen deemolege Facebook-Posts, onofhängeg dovun, datt déi, wéi gesot, aus hirem Zesummenhang gezerrt goufen.

De Bezierkskommitee Osten respektéiert dem Alain Vossen seng Entscheedung an huet eestëmmeg de Jean-Marc Schmidt zum neie Kandidat fir d’Chamberwalen nominéiert.

De Jean-Marc Schmidt, 50 Joer, ass zu Réimech opgewuess a wunnt säit iwwer zwanzeg Joer zu Munneref. Hien ass diploméierte Germanist an huet iwwer zwanzeg Joer fir d’Luxemburger Wort geschafft. Säit 2021 ass hie parlamentaresche Beroder a säit 2022 Member vum ADR-Bezierkskommitee Osten.Matgedeelt vun der ADR Osten

Back to Top
CIM LOGO