Coronavirus an AarbechtsrechtDat sollte Salariéen a Cheffe wëssen

Tim Morizet
Lynn Cruchten
De Wirtschaftsministère huet um Donneschdeg ee Guide publizéiert, wou déi wichtegst Froe beäntwert ginn.
Coronavirus an Aarbechtsrecht
De Wirtschaftsministère huet um Donneschdeg ee Guide publizéiert, wou déi wichtegst Froe beäntwert ginn.

Zu Lëtzebuerg reagéieren och ëmmer méi Entreprisen op de Risk vum Covid-19 a maachen Noutfallpläng fir de Fall, datt ee Mataarbechter ugestach wier. Do stelle sech dann och vill Froen: Wee kënnt fir d’Käschten op, wann een Employé gezwonge gëtt, doheem ze bleiwen, respektiv wat kann ee maachen, fir weider produktiv ze bleiwen?

Coronavirus an Aarbechtsrecht / Reportage Tim Morizet

Et ass d'Roll vun der Entreprise hir Beleegschaft bei gudder Gesondheet ze halen an och hir Sécherheet ze garantéieren. Et ass um Patron senge Mataarbechter ofzeroden, an déi betraffe Regiounen ze reesen, an de Fonctionnement vum Betrib net a Gefor ze bréngen.

Vill grouss Entreprisen, och zu Lëtzebuerg, hunn international Meetinge missen ofsoen.

D'Anne-Sophie Prudhomme vu PWC: „Mir hunn eist Personal gefrot, fir d'Reesen den Ament ze limitéiert. D'Reesen an déi Géigenden, déi am stäerkste Betraff sinn, si verbueden. Do gi mer de Consignë vun der Weltgesondheetsorganisatioun no. Mir hunn och eng ganz Rëtsch un Trainingen am Ausland annuléiert.“

Villen Entreprisë gëtt geroden, wa méiglech, hirem Personal d'Méiglechkeet ze ginn, fir am Eeschtfall vun doheem ze schaffen.

Déi méiglech Zenarien, vum Aarbechtsrecht bis Securité sociale, géifen den Ament an de Ministèren duerchgespillt ginn. Weider Consignë fir d'Entreprisë wären ënnerwee.

De Jean-Paul Olinger: „De Wirtschaftsministère huet och elo zesumme mat der Santé gekuckt, datt vill Froen, déi Entreprisen hunn, beäntwert ginn.“

Wann eng Persoun vun enger staark betraffener Géigend erëmkënnt, kann de Patron de Salarié froen, doheem ze bleiwen.

Den Affekot Guy Castegnaro: „Deen Ament, wann den Uerder vum Employeur kënnt, ass et och um Employeur, fir d'Verantwortung ze iwwerhuelen, an och d'Käschten déi doduerch opkommen.“

Do gëtt et d'Optioun vum Krankeschäin. Wann een elo awer als Salarié wëll doheem bleiwen, muss ee selwer dofir opkommen.

Den Affekot Guy Castegnaro: „Wann de Salarié selwer decidéiert, doheem ze bleiwen, da muss en och selwer d'Konsequenzen droen. Dat heescht op säi Congé zeréckgräifen. Do ass et net um Employeur, déi Käschten ze iwwerhuelen.“

De ganze Guide fir d'Entreprisë an d'Salariéen fënnt een um Internetsite vun der Regierung.

Schreiwes vum Wirtschaftsministère

La FAQ relative au Coronavirus sur gouvernement.lu a été complétée par un volet destiné aux entreprises (05.03.2020)

Communiqué par: ministère de l'Économie / ministère du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire

Pour les renseignements d'ordre général actualisés relatifs à l'épidémie du coronavirus, le public est invité à consulter la foire aux questions (FAQ) disponible sur le portail du gouvernement sous www.gouvernement.lu/coronavirus.

La FAQ vient d'être complétée par un volet destiné aux entreprises afin de répondre aux questions les plus fréquemment posées par les employeurs concernant l'impact potentiel du coronavirus. La FAQ est donc complétée par les rubriques suivantes:
• L'impact sur la relation de travail avec le salarié ;
• le cas des travailleurs frontaliers ;
• l'impact économique ;
• le soutien aux entreprises.

Ces textes à destination des entreprises seront complétés et actualisés au fur et à mesure.
Disponible en langue française, le contenu sera à terme aussi disponible en langues allemande, anglaise, portugaise et luxembourgeoise.

Back to Top
CIM LOGO